Fir d’Elteren an Erzéiungsberechtegter

Primary tabs

De Mérite Jeunesse  gëtt deene Jonke wichteg Kompetenze fir d’Liewen an den Aarbechtsmaart mat op de Wee. Sie léieren nei Leit kennen, beschäftegen sech mat neien Aktivitéiten an entdecken een neit Ëmfeld. Äert Kand stellt sech säin eegene Programm zesummen a setzt sech fir all Aktivitéit een Zil.

Mat ärer Ënnerstëtzung a Motivatioun, kënnt dir ärem Kand bei senger Entwécklung an op sengem Wee, seng Plaz an der Welt vun den Erwuessenen ze fannen, hëllefen. Encouragéiert äert Kand fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen a Strategien ze fannen, déi et weiderbréngen.

Um Programm deelzehuelen, berout op fräiwëlleger Basis an et gehéiert zur Fräizäit vum Jonken. Nodeems een de gewielten Niveau vum Programm fäerdeg huet, kritt een net nëmmen eng positiv Aschätzung vu sech selwer a vill Erfarunge mat op de Wee, mee am Kader vun enger offizieller Remise och nach ee Certificat, dee weltwäit unerkannt ass.

 

Ee Marathon a kee Sprint

De Mérite Jeunesse brauch Zäit a kann net schnell ofgeschloss ginn. Et geet drëm iwwer länger Zäit Aktivitéiten, déi ee sech selwer eraussicht, nozegoen a sech ze verbesseren. Et brauch een Zäit fir ee Fortschrëtt ze erkennen a längerfristeg eppes vu sengen Aktivitéiten ewegzedroen.Den Effort iwwert ee gewëssen Zäitraum lount sech, an dee Jonken erkennt, wat en erreecht a wat fir ee Parcours hien zréckgeluecht huet.

Net akademesch an och keng Competitioun

De Programm ass eng perséinlech Erausfuerderung fir all Jonken an, en plus, ginn hei déi ausserschoulesch Facettë vun der Entwécklung promovéiert. All Jonken, deen deelhëlt a säi Programm duerchzitt krit,t eng Unerkennung an et kann een zesumme mat senge Kollegen eppes erreechen amplaz géinteneen unzetrieden. All Parcours ass eenzegaarteg, well all Jonke säi Programm selwer zesummestellt, je no Interessen a Fäegkeeten.

Flexibel

De Mérite Jeunesse bitt deene Jonken ee Kader, wou si sech op hir Interesse konzentréieren an hir Fäegkeeten an Talenter entwéckele kënnen. Et gëtt keng Zäitlimitt an de Participant ka sech fir all Niveau esou vill Zäit huele wéi e brauch, soulaang wéi en d’Alterslimitt vu 25 Joer net iwwerschratt huet.

Responsabilitéit

Et ass un all Participant selwer fir ze kucke fir bei der Staang ze bleiwen an d’Konditioune vum Mérite Jeunesse ze erfëllen. Et geet em méi ewéi just Aktivitéiten ofzeschléissen.

Fortschrëtt

Esou wéi Jonker sech weiderentwéckelen, entwéckelt sech och hire Mérite Programm mat der Zäit. Um Bronze Niveau brauch een nach méi Hëllef an Ënnerstëtzung. Bei Sëlwer ass een da scho vill méi onofhängeg a bei Gold mécht ee säi Parcours ganz selbststänneg.

Spaass

De Programm soll Spaass maachen. Déi Aktivitéiten, déi ee Jonken sech eraussicht solle ganz sengen Interessen a Leidenschaften entspriechen.  Beim Mérite Jeunesse matzemaachen ass och eng super Méiglechkeet fir Zäit mat Kollegen ze verbréngen a flott Momenter ze erliewen, déi een nach laang an Erënnerung behält.

 

 

 

 

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award