Wat ass de Mérite Jeunesse

Primary tabs

D’Fondatioun Mérite Jeunesse Luxembourg gehéiert zur weltwäit féierender Organisatioun The Duke of Edinburgh’s International Award déi an iwwer 140 Länner aktiv ass. Jidderee ka beim Mérite Jeunesse matmaachen, wann en tëschent 14-24 Joer al ass a Loscht huet sech innerhalb vun engem flexibelen an ofwiesslungsräiche Programm seng perséinlechen Ziler ze setzen an déi ouni Zäitlimitt ze erreechen.

Du muss a 4 verschiddene Beräicher aktiv ginn: Benevolat, Sport, Talent an eng Expeditioun maachen. Du sichs dir deng Aktivitéite selwer eraus a stells dir esou ee Programm zesummen deen ausgeglach ass an deen dir Spaass mécht. Et muss een net alles zur gläicher Zäit maachen. Dee Programm soll et dir erméigleche méi Selbstvertrauen ze kréien, Responsabilitéit ze iwwerhuelen, Neies ze entdecken an un deng Fähegkeeten an Talenter ze gleewen.

 

 

 
 Duke of Edinburgh's International Award